Eise Motto ass:
EEN HOBBY PRO STAND,
d.h. all Stand däerf nëmmen een Hobby respektiv een Thema hunn
Déi Mäert, déi mir organiséiere stinn ëmmer ënnert dem Thema „Konscht – an
Hobbymaart“ a mir si frou dass ons Aussteller eng gutt Qualitéit
presentéieren.
Allerdéngs krute mir oft vun de Visiteure gesot, dass et schued ass, dass mir
och Stänn hunn wou een ze vill verschidde Saache fënnt a guer net weess wat deem
säin Hobby dann elo ass. Duerfir hu mir 2015 beschloss fir just nach een
Hobby/Thema pro Stand zouzeloossen.
Wann z. B. e Member sech bei ons mat Bijouen ugemellt huet, da soll en dat
och ausstellen an net zousätzlech nach iergendeppes aneschtes derbäi maachen.
Wann een z. B. moolt, da kann een net nach bitzen oder strécken asw.
ausstellen.
Mellt ee sech mat Keramik un, da geet et net wann een nach Skulpturen aus
anerem Material derbäi huet,
heekelen oder strécken kann een net mat bitzen zesummen umellen,
mécht ee Kaarten, da kann een net nach Bijoux, Keramik, Holz, Bitzen oder
soss eppes derbäi ausstellen.
Mir wëlle kengem ze no trieden, mee wann all Member just e Stand mat engem
Hobby presentéiert, hieft dat d´Qualitéit vun onse Mäert an dat ass jo och am
Sënn vun all eenzelen Aussteller.
Falls elo en Aussteller zwee verschidden Hobbyen huet déi hien ausstelle
wëll, da soll hien eis am Virfeld kontaktéieren.
(Hien huet z.B. d’Méiglechkeet fir en 2. Stand op ze maachen, onofhängeg vum
1.)
Fir eventuell Froe sti mir gären zur Verfügung.