Galerie: Schleich Armand

maart2/Schleich Armand/Profil.jpg
Schleich Armand

Numm: Schleich Armand

Wood-Art by Arm
Drechseln -Brandmalereien



Kontakt:

Armand Schleich Bourglinster

E.mail: aschleic@pt.lu

Tel: 00352 691 156 891


Prinzipiell kann een die bestallte Sachen bei mir ofhuelen. Liweren oder schecken ass och méigelich mat entspriechenden Portokäschten.


Main Hobby:

Den Hobby deen ech hei virféieren ass emol d’Konscht vum Drechselen an d’Konscht vun der Pyrogravure. Holz op der Drechselbänk ze verformen, an mat Hëllef vun gliddichem Eisen Biller op Holz ze brennen. ( Brandmalerei)
Beim Drechselen gët op der Drechselbänk, eng Maschin déi „Famill“ ass mat der Dreihbänk bei der Metallveraarbichtung, mat Hëllef vun verschiddenen Meeselen aus engem einfachen Steck Holz e Konschtwierk geschaafen. Ech verschaffen z. B. zu gréisstem Deel nëmmen Hölzer aus eisen zertifizéierten Bëscher
Bei der Brandmolerei, enger uraaler Konscht déi bereits vun den Ägypter praktizitéiert gouf, gët mat Hëllef vun engem Brennkolben oder engem Brenneisen mat Transformator, Biller, Symbolen oder Schrëften an Holz, Lieder oder Karton gebrannt. Daat kënnen Haushaltsgéigestänn aus Holz sinn oder ganz Biller déi mat verschidden Brenntechtiken an eng Holzen Plack gebrannt ginn.
Neierdings gët et och schon Laserariichtungen déi automatisch vun enger Virlaag um PC e Motif nobrenne kënnen. Den ënnerscheed vun engem handgebrannten Bild ass awer gudd ze erkennen. Déi Installationen ginn oft agesaat fir Schrëften ze brennen oder grouss Serien ze produzéieren.



ZRECK



ZRECK