Oft gestallten Froen un eis:
Ween ass Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl?
Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l. ass 2011 gegrënnt an huet sech als Ziel gesat fir d´Hobbyleit ze ënnerstëtzen fir u Mäert respektiv un Ausstellungen Deel ze huelen.
Et gëtt esouvill Leit, déi doheem engem Hobby no ginn Si sammelen hir Wierker am Haus, an no enger Zäit hu se ganz oft keng Loscht méi fir sech weider ze entwéckelen.
Mir versichen Hobbyleit matzehuele fir op Hobbymäert mat ze goen.
Mir organiséieren duerfir uechtert d`ganzt Land Hobbymäert an Ausstellungen a versichen dat mat esou wéi méiglech Onkäschten ze maachen.
Eis Membere fanne ganz oft op de Mäert déi selwecht Aussteller erëm, an doduerch hu
sech schonns munch Frëndschafte gebillt. D’Schaffen am Grupp huet och nach de e
grousse Virdeel dass een net ëmmer muss 100 % present sinn.
Mir hunn als Konditioun fir Member ze ginn, dass een alles selwer gemaach muss
hunn an dass ee näischt däerf verkafe wat een iergendwou akaaft huet. Et ass zwar schued,
mee mir ertappen ëmmer erëm Leit, déi sech net dorunner halen a mir als Veräin behalen
ons d`Recht da vir, se net méi mat op déi vun ons organiséiert Mäert mat ze huelen.
Mir vermëschen eis Ausstellung och ni mat engem Floumaart.
Si Dir un enger Memberskaart interesséiert, (d’Memberskaart verflicht Iech zu näischt, mee Dir kritt reegelméisseg Informatiounen; d’Kotisatioun ass 10,00 Euro d’Joer), da maacht eng Mail un info@hobbykl.lu mat Ären Donnéeën oder fëllt dëse Formulaire aus a schéckt ons en zou oder klickt hei. Dir kritt da weider Informatiounen.
Kann een och matmaachen ouni Member ze sinn ?
Dat ass heiansdo méiglech.
Mee Member vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl. hu Virrecht.
All Objet muss vum Aussteller selwer hiergestallt gi sinn.
Et däerf ee keen Artikel ausstellen oder verkafen, deen iergendwou akaaft ginn ass.
Mir akzeptéieren keng reng kommerziell Aktivitéiten.
Et ass net erlaabt fir engem aneren Hobbykënschtler seng Saachen mat auszestellen.
(ausser mat schrëftlecher Erlabnis vum Verwaltungsrot).
Ouni ausdrécklech schrëftlech Erlabnis ass et net erlaabt fir Gedrénks an Iesswueren ze offréieren an/oder ze verkafen.
Ech hun awer méi wéi een Hobby!
Eise Motto ass:
EEN HOBBY PRO STAND,
d.h. all Stand däerf nëmmen een Hobby respektiv een Thema hunn
Déi Mäert, déi mir organiséiere stinn ëmmer ënnert dem Thema „Konscht – an Hobbymaart“ a mir si frou dass ons Aussteller eng gutt Qualitéit presentéieren.
Allerdéngs krute mir oft vun de Visiteure gesot, dass et schued ass, dass mir och Stänn hunn wou een ze vill verschidde Saache fënnt a guer net weess wat deem säin Hobby dann elo ass. Duerfir hu mir 2015 beschloss fir just nach een Hobby/Thema pro Stand zouzeloossen.
Wann z. B. e Member sech bei ons mat Bijouen ugemellt huet, da soll en dat och ausstellen an net zousätzlech nach iergendeppes aneschtes derbäi maachen.
Wann een z. B. moolt, da kann een net nach bitzen oder strécken asw. ausstellen.
Mellt ee sech mat Keramik un, da geet et net wann een nach Skulpturen aus anerem Material derbäi huet,
heekelen oder strécken kann een net mat bitzen zesummen umellen,
mécht ee Kaarten, da kann een net nach Bijoux, Keramik, Holz, Bitzen oder soss eppes derbäi ausstellen.
Mir wëlle kengem ze no trieden, mee wann all Member just e Stand mat engem Hobby presentéiert, hieft dat d´Qualitéit vun onse Mäert an dat ass jo och am Sënn vun all eenzelen Aussteller.
Falls elo en Aussteller zwee verschidden Hobbyen huet déi hien ausstelle wëll, da soll hien eis am Virfeld kontaktéieren.
(Hien huet z.B. d’Méiglechkeet fir en 2. Stand op ze maachen, onofhängeg vum 1.)
Fir eventuell Froe sti mir gären zur Verfügung.
Bei all Maart/Ausstellung, verlaange mir ëmmer eng Kautioun vun € 50 déi een normalerweis de leschten Dag owes integral zréck kritt.
Firwat eng Kautioun:
De Sënn vun dëser Kautioun ass fir ze vermeiden dass mir op engem Maart eng Plaz reservéieren, en Dësch opriichten asw, an da kënnt den Aussteller guer net dohinner.
Mir wëllen och sécher sinn dass eis Aussteller bis zum Schluss matmaachen:
a) wéinst der Publicitéit
b) wéinst Onkäschten déi ufalen
c) eventuell wéinst eisem Engagement vis-à-vis vun Drëttpersounen
z.B. engem Centre Commercial
d) wéinst dem Ausgesinn vun der Ausstellung/Maart
e) aus Respekt vis-à-vis vun eisen Visiteuren
Wéini kritt een d’Kautioun zréck:
Bei all Maart gëtt et e Stéchdatum, Datum bis wéini d’Kautioun muss iwwerwise sinn (dësen Datum kritt all Aussteller ëmmer matgedeelt).
Wann en Aussteller sech virun dësem Stéchdatum ofmellt, kritt hien d’Kautioun integral zréck. Mellt en Aussteller sech no dësem Datum of, gëtt d’Kautioun net méi rembourséiert, (ausser am Krankheetsfall).
D’Kautioun gëtt net rembourséiert wann den Aussteller op sengem Stand fréizäiteg apaakt, ouni Autorisatioun vum Responsabel de Maart verléisst; friem Saachen ausstellt a verkeeft, aner Saachen ausstellt ewéi déi, déi hien op der Umeldung uginn huet.
Kann ech en Zelt geléint kréien?
Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl verléint keng Zelter:
Mir hunn e puer Zelter (3 x 3) fir auszestellen an dës Zelter kënnen awer nëmmen zu bestëmmte Konditiounen un e Member verléint ginn.
Un éischter Stell ass et geduecht fir e Member, dee fir d’éischte Kéier wëll probéieren fir baussen auszestellen.
Duerfir hu mir och verschidde Modeller.
Wat hunn ech nach fir Avantagen als Member?
Periodesch maile mir eise Memberen e “Newsletter“ mat eise leschten Informatiounen;
bei dëser Geleeënheet vermëttele mir eise Memberen och aner Hobbymäert (wann deen Organisateur eis freet).
Mir erënneren och dorunner dass eis Memberen mat der Memberskaart verschidden Avantagen / Remisen hunn:
Dimmer (Hobbygeschäft) zu Larochette Tél.: 83 70 12 (www.dimmer.lu) 10 %
Creafil zu Lëntgen 35, rue Principale (www.creafil.lu) 10 %
Hotel de la Sûre Esch/Sauer 2.Entrée gratis am Spa&Wellnesscenter
Tél.: 83 91 10 www.hotel-de-la-sure.lu 1+1 Gratis 50 %
SUMUP, bezuele mat Kreditkaart, Visa, Bancomat, asw
Op verschidde Mäert an Ausstellungen ass kee Bancomat an der Géigend.
Eise Veräin huet en Apparat wou ee mat enger Bancomat oder Kreditkaart ka bezuelen.
Kënnt e Client op e Stand an huet kee Geld, nëmmen seng Kaarten, da kann de Client mat senger Kaart bei eis bezuelen; d’Suen kommen op eise Kont an dann iwwerweise mir d’Geld dem Aussteller.
Mir froen déi üblech Fräs vun der Gesellschafgt mat enger klenger Kommissioun fir de Veräin
(Tarif 2020 4,00 %)
Däerf ech engem anere seng Saache och ausstellen?
Et ass net erlaabt fir engem aneren Hobbykënschtler seng Saachen mat auszestellen.
Deng Frëndin oder däi Frënd kann awer och Member bei eis ginn, an dann ass et méiglech fir eventuell zwee Stänn niewenteneen ze maachen