• Iwwert Eis

Präsentatioun

gegrënnt am Joer 2011 (November 2011 éischt Ausstellung mat 12 Leit)

391 Memberen (Stand 12/2023)

Hobbymaart an keen Floumaart.

Walfer Konscht & Hobbymaart 2015
Generalversammlung 2022

Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl Präsentatioun

Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l. ass 2011 gegrënnt an huet sech als Ziel gesat fir d´Hobbyleit ze ënnerstëtzen fir u Mäert respektiv un Ausstellungen Deel ze huelen. 

Et gëtt esouvill Leit, déi doheem engem Hobby no ginn Si sammelen hir Wierker am Haus, an no enger Zäit hu se ganz oft keng Loscht méi fir sech weider ze entwéckelen. 

Mir versichen Hobbyleit matzehuele fir op Hobbymäert mat ze goen.

Mir organiséieren duerfir uechtert d`ganzt Land Hobbymäert an Ausstellungen a versichen dat mat esou wéi méiglech Onkäschten ze maachen.

Eis Membere fanne ganz oft op de Mäert déi selwecht Aussteller erëm, an doduerch hu sech schonns munch Frëndschafte gebillt. D’Schaffen am Grupp huet och nach de e grousse Virdeel dass een net ëmmer muss 100 % present sinn.

Mir hunn als Konditioun fir Member ze ginn, dass een alles selwer gemaach muss hunn an dass ee näischt däerf verkafe wat een iergendwou akaaft huet.

Et ass zwar schued, mee mir ertappen ëmmer erëm Leit, déi sech net dorunner halen a mir als Veräin behalen ons d`Recht da vir, se net méi mat op déi vun ons organiséiert Mäert mat ze huelen. 

Mir vermëschen eis Ausstellung och ni mat engem Floumaart.

Aktivitéiten bis 2023

2023

Januar: Participatioun op der Expo Creativ an der Luxexpo, Expo an der Galerie zu Péiteng,  Februar:  Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze, Juli:  Liewege Kreativmaart zu Rëmmerig August: 2.Hobbynuetsmaart Esch/Sauer, September:   Hobbymaart am Centre Commercial Topaze um Mierscherbierg, Oktober: Hobbymaart am Centre Commercial Topaze,  Hobby’ART Skulpturen & Billerausstellung an der aler Kierch/Ruedt/Syr, Hobbymaart zu Ruedt/Syr,  Dezember:  Chrëschtmaart am Topaze Shopping Center.

2022

Februar:  Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze, Abrëll:  Ouschtermaart an der Shopping Mile op der Nordstrooss, Juni:  8. Walfer Konscht an Hobbymaart, Juli:  Hobbymaart um Schlassfest zu Kolpesch, August: 1.Hobbynuetsmaart Esch/Sauer, September: Hobbymaart an der Shopping Mile op der Nordstrooss, Oktober:  Hobbymaart am Centre Commercial Topaze um Mierscherbierg, Hobby’ART Skulpturen & Billerausstellung an der aler Kierch/Ruedt/Syr, Hobbymaart zu Ruedt/Syr,  November & Dezember:  Chrëschtmaart am Topaze Shopping Center,   Säit Mee 2017 bis September 2022:  permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center

2021

Februar:  Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze, Mee:  Billerausstellung an der Shopping Mile op der Nordstrooss, Juni:  7. Walfer Konscht an Hobbymaart, Hobbymaart an der Shopping Mile op der Nordstrooss, September:  Expo an der Galerie zu Péiteng, Participatioun um Schlassfest zu Kolpesch, Oktober:  Hobbymaart am Centre Commercial Topaze um Mierscherbierg, November:  Hobbymaart am Centre culturel zu Walfer,  Säit Mee 2017:  permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center

2020

Januar:  Participatioun op der Expo Creativ an der Luxexpo,  Februar 2020:  Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze,  Poterowend,   Mee-Juni:  1. virtuellen Hobbymaart,  Oktober:  Hobbymaart am Centre Commercial Topaze um Mierscherbierg,  Dezember:  2. virtuellen Hobbymaart,  Säit Mee 2017:  permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center

2019

Januar: Participatioun op der Expo Creativ an der Luxexpo,  Februar: Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze,  Februar: Poterowend,  Abrëll: Fréijoersmaart am Walfer Shopping Center,   Juni: 6. Walfer Konscht an Hobbymaart,  Juli: Participatioun um Schlassfest zu Kolpesch,   August: Hobbymaart um Camping Kautebaach,  Oktober: Hobbymaart am Topaze um Mierscherbierg,  Oktober: Hobby’ART, Skulpturen & Billerausstellung an der aler Kierch/Ruedt/Syr,  Oktober: Konscht an Hobbymaart zu Ruedt/Syr,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center,   Dezember: Chrëschtmaart am OA6 zu Oberfeulen,   säit Mee 2017: permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center.

2018

Januar: Participatioun op der Expo Creativ an der Luxexpo,  Februar: Biller- & Skulpturenausstellung am Centre Commercial Topaze,  Mäerz: Expo an der Galerie zu Péiteng,  Mäerz: Poterowend,  Juli: 5. Walfer Konscht an Hobbymaart,  Juli: Participatioun um Schlassfest zu Kolpesch,  August: Hobbymaart um Camping Kautebaach,  Oktober: Hobbymaart am Topaze um Mierscherbierg,  Oktober: Konscht an Hobbymaart zu Ruedt/Syr,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center, Dezember: Chrëschtmaart am OA6 zu Oberfeulen,    säit Mee 2017: permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center.

2017 

Mäerz: Billerausstelllung Art What 2017 am Espace, Beggen,  Mäerz: Poterowend,  Abrëll: Hobbyausstellung am Walfer Shopping Center.  Juni: Hobbymaart op der Braderie zu Beetebuerg,  Juli: 4. Konscht an Hobbymaart zu Walfer,  Juli: Hobbymaart um Schlassfest zu Kolpech,  August: Hobbymaart um Camping Kautebaach,  September: Hobbymaart am Topaze zu Miersch,  Oktober: Hobbymaart am Syrkus zu Rued Syr,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center,  säit Mee 2017: permanent Billerausstellung am Walfer Shopping Center.

2016

Mäerz: Fréijoersmaart am Walfer Shopping Center,  Abrëll: Konschtausstellung an Galerie Beaux Arts zu Leideleng,  Abrëll: Poterowend,  Juli: 3. Konscht an Hobbymaart zu Walfer,  Juli: Hobbymaart um Schlassfest zu Kolpech,  August: Hobbymaart um Camping Kautebaach,  Oktober: Hobbymaart am Syrkus zu Rued Syr,  Oktober: Hobbymaart am Topaze zu Miersch,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center.

2015

Mäerz: Poterowend,  Abrëll: Konschtausstellung an der Walfer Galerie,  Mee: Participatioun um Hobbymaart zu RéimechJuli: 2. Konscht an Hobbymaart zu Walfer,  September: Konschtausstellung an der Walfer Galerie,  Oktober: Konscht an Hobbymaart am Syrkus zu Rued,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center,  Dezember: Chrëschtmaart am Shopping Center Belval Plaza.

2014

Mee: Maart zu Réimech vum lëtz. Schoofzuuchtverband (Participatioun mam Veräin),  Juli: 1. Konscht an Hobbymaart zu Walfer,  Oktober: Konscht an Hobbymaart am Syrkus zu Rued Syr,  Oktober: Hobbymaart fir Mantelsonndeg am Walfer Shopping Center,  Dezember: Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center,  Dezember: Chrëschtmaart am Shopping Center Belval Plaza.

2013

Mäerz: Fréijoersmaart am Walfer Shopping Center,  Mee: Hobbymaart zu Réimech (Participatioun mam Veräin),  Juni: Hobbymaart am Walfer Shopping Center fir Mammendag,  September: Eenelter Maart zu Récken (Participatioun),  Oktober: Konschtausstellung an der Walfer Galerie,   Oktober: Konscht- an Hobbymaart zu Ouljen,  Oktober: Mantelsonndeg am Walfer Shopping Center,  Dezember:  Chrëschtmaart am Walfer Shopping Center,  Dezember: Chrëschtmaart am Shopping Center Belval Plaza.

2012  Chrëschtmaart am Shopping Center Belval Plaza.

2011  Ouschterausstellung an der Galerie Bereldange.

 

Fotoe vun onsen Aktivitéiten fënnt een an der Fotogalerie.
Walfer Konscht & Hobbymaart 2018